Update Juni 2019

No intensivem schaffe si mir frou iech matzedeelen, dass sech eise gréisste Problem, eng passend Hal fir Saison 19/20 ze fannen, geléist huet. Mir wäerten an der Sportshal zu Leideleng trainéieren, wéi och eis Matcher kennen ausdroen. Weiderfeierend wäerte mir och am Lycée Josy Barthel Mamer kennen een Training ofhalen.   D‘Sich no passende Spiller fir Senior A Ekipp ass nach am

Update März 2019

Nodeems mir eise Club de 27.08.2018 offiziell als ASBL um Registre de Commerce et des Sociétés agedroen hunn, stoungen eng ganz Rëtsch Entrevuen un. Nieft potenzielle Sponsoren hunn mir eise Veräin och der Lëtzebuerger Handball Federatioun an dem Bartrenger Schäfferot virgestallt. Béi dësem Gespréich ass eis ënnert anerem ze verstoe ginn, dass et an noer Zukunft schwéier wäert ginn an enger vun deenen 2 Sportshalen zu

Qualifikatiounsphase fir Europameeschterschaft 2022

Vum 11. Januar bis den 13. Januar 2019 ginn am Gymnase vun der Coque Matcher vun der 1ter Qualifikatiounsphase fir Europameeschterschaft 2022 a Ungarn an der Slowakei gespillt. Fir gutt op des Campagne virbereet ze ginn hunn eis Rout Léiwen hiren 1 Preparatiouns Match mat 32:25 géint USA gewonnen. Béid Natioune spillen haut den Owend

Livestream

All eis Handballbegeeschtert Follower sinn agelueden dëse Samschden den Match teschend dem HB Red Boys Differdange an der Handball Esch am Livestream ze verfollegen. D´Iwwerdroung start um 19h55 an dir kennt entweder op der Tele (Eltrona a Post um Kanal 82), op www.flh.lu, beim Tageblatt (www.tageblatt.lu) oder op RTL (www.rtl.lu an och an der App) kucken. Mir wënsche vill Spaass. Comité

Member ginn

Du bass genau sou sportbegeeschtert wei mir ? Du wëlls eis an eisen neie Veräin ënnerstëtzen? Dann fëll eise Formulaire aus an geff Member vum Handball Bartreng. Comité Member Senior A Handball zu Lëtzebuerg Kontakt Partner Hinweis: Für diese Inhalte ist JavaScript erforderlich.

Den Handball Bartreng

Wëllkomm op eiser neier Säit a wëllkomm bei dem neisten Handballsclub am Land. No an no wäerten op dëser Plaz déi neisten Informatiounen iwwert den HBB presentéiert ginn. Comité Member Senior A Handball zu Lëtzebuerg Kontakt Partner

Qualifikatiounsphase fir Europameeschterschaft 2022

Vum 11. Januar bis den 13. Januar 2019 ginn am Gymnase vun der Coque Matcher vun der 1ter Qualifikatiounsphase fir Europameeschterschaft 2022 a Ungarn an der Slowakei gespillt. D’Lëtzebuerger Nationalequipe kritt et hei mat Bulgarien, Groussbritannien a Irland ze dinn. De genauen Programm zum Oflaf vum der 1ter Qualifikatiounsronn kennt zu engem méi spéideren Zäitpunkt no.

ASBL

Den Handball Bartreng ass säit dem 27.08.2018 als offiziell ASBL um Registre de Commerce et des Sociétés ugemellt. An Zukunft hunn mir dann als weidert Ziel um nächste Kongress bei der Lëtzebuerger Handballs Federatioun (FLH) affiliéiert ze ginn. De Kongress 2019 wäert zu Käerjeng organiséiert ze ginn. Comité Member Senior A Handball zu Lëtzebuerg Kontakt

RTL 28.06.2018

Den 28.06 ass déi éischte Kéier an der Press iwwert den Handball Bartreng geschwat ginn. An der Reportage geet et em d´Assemblée Générale vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun. Presseartikel op RTL Comité Member Senior A Handball zu Lëtzebuerg Kontakt Partner

This website uses cookies and asks your personal data to enhance your browsing experience.