No der Victoire géint den HB Beetebuerg sti mat de Matcher géint
Réiden, Rëmeleng an dem HC Standard nach 3 Matcher an der regulärer
Spillzäit fir eis Ekipp um Programm. Dess Matcher wëlle mir sou gut wéi
méiglech ofschneiden, an eis zemools fir de Match zu Reiden, dee mir
am Alles Match mat 1 Punkt Differenz verluer hunn, rehabilitéieren. Fir eis
Ekipp gelt et sech elo op den Endspurt ze fokusséieren. Wéi et dann
no deenen 3 Matcher weider geet, steet nach net genau fest.
Op där enger Säit ass nach net genau kloer op wéineger
Tabellesituatioun mir lande wäerten, op där anerer Säit muss e
sech d’Entwécklunge bei deenen anere Veräiner genau ukucken. Mir sinn
opgefall gespaant wat Zukunft bréngt a freeën eis elo mol
op de Match géint Réiden, den 28.01. zu Leideleng.
Nächst Matcher:
HB Bartreng – HC Atert Redange 28.01.2019 um 20h15
Esperance Remeleng – HB Bartreng 01.02.2019 um 19h00
HB Bartreng – HC Standard 08.02.2019 um 18h30