Um Donneschdeg den Owend, den 23.01.2020, ware mir op der Soirée de Bienvenue zu Bartreng mat engem Informatiounsstand am Centre Atert present. Héi kruten déi neiste Bierger vu Bartreng all Informatiounen iwwert d’Gemeng wéi och iwwert eise Veräin. Sou hate mir dann och vereenzelt Léit déi sech iwwert den HBB informéiert hunn. Nom offiziellen Deel huet Gemeng nach e Éierewäin offréiert.