Säit dem 18.01.2021 ass et eis erëm erlaabt an der Sportshal zu Leideleng kennen ze trainéieren. Mir wäerten des Geleeënheet dann och notzen an eis wann méiglech 2 mol an der Woch treffen, fir eis bescht méiglech op déi nächste Matcher, déi fir eis warscheinlech Ufank Mäerz stattfannen, virbereeden. Bis dohin zielt et eis un alleguerten d’Reegelungen ze halen, souwuel ausserhalb, wéi och an der Hal.