Nodeems mir eise Club de 27.08.2018 offiziell als ASBL um Registre de Commerce et des Sociétés agedroen hunn, stoungen eng ganz Rëtsch Entrevuen un. Nieft potenzielle Sponsoren hunn mir eise Veräin och der Lëtzebuerger Handball Federatioun an dem Bartrenger Schäfferot virgestallt. Béi dësem Gespréich ass eis ënnert anerem ze verstoe ginn, dass et an noer Zukunft schwéier wäert ginn an enger vun deenen 2 Sportshalen zu Bartreng ënner ze kommen. D’Platze si leider och zu Bartreng limitéiert an als neie Club muss een sech  hannen un stellen. 


Gläich no eiser Entrevue mam Bartrenger Schäfferot, Ufank Oktober 2018, hunn mir dunn de Kontakt mat den Nopeschgemenge gesicht. Mat Bedauere misste mir feststellen, dass Bartreng leider keen Eenzelfall ass an et opgrond vun der Unzuel u Veräiner a ville Gemengen e Mangel u Sportinfrastrukture gëtt. Mat Ausnam vun enger Gemeng, wou Decisioun nach aussteet, krute mir dann och nëmmen Ofsoen.


Bedenkt een, dass eng Réi Organisatoresch a Administrativ Decisioune ganz enk an Zesummenhang mat enger Hal stinn, weess een, dass eist d’Ziel, mat enger Senior’s Ekipp am September 2019 um Championnat deel kennen ze huelen, méi schwéier ginn ass. 


Mir hunn d’Hoffnung awer nach net opginn a schaffen dowéinst an den nächste Wochen a Méint intensiv un enger Léisung. Sou beschränke mer eis Sich no enger Hal beispillsweis net méi op d’Nopeschgemengen. D’Ziel ab September um Championnat deel ze huele besteet weiderhin a mir sinn optimistesch dass mer geschwënn eng Léisung kenne presentéieren.


Ofschléissend wëlle mir mat dësem Schreiwes awer och eise Sympathisante Merci soen. Eise Sponsoren, an och eise ville Memberen, déi mir als jonke Veräin ziele kennen. De positive Feedback dee mir an deene leschte Méint vu ganz ënnerschiddlechen Acteure kruten, wéist eis, dass de Projet Handball Bartreng dobausse gutt ukënnt, a verleit eis déi néideg Motivatioun, wéier intensiv un der Zukunft vum HBB ze schaffen.

Äre Comité