E Samschdeg geet et erëm lass. Mir spillen eisen 1. Match an der Relegatioun géint de Standard. Weider sinn aktuell keng Spectateuren an den Halen erlaabt. An och eis Spiller sou wéi all Persoun an der Hal ginn am Viraus am Kader vun de Schnelltester getest op de Covid-19.