No der Defaite leschte Weekend géint Rëmeleng, an där eis Ekipp virun allem gewisen huet dass mir een Team sinn an eis bis déi lescht Sekonn ne geschloe ginn, spille mir e Samschdeg eise leschte regulären Match doheem zu Leideleng géint de Standard. Géint den ongeschloene Leader aus der Staat erwaart eis sécherlech eng ganz schwéier Aufgab, ma och hei gëllt et: De Match ass réischt eriwwer wann d’Siren lautet. Mir gesinn eis e Samschdeg zu Leideleng!