Den Handball Bartreng ass bei engem Treffen vun e puer Kolleegen am Joer 2018 entstanen an huet sou säin Ursprong fonnt.

No laangem hin an hier an vill Aarbecht gouf de Veräin dunn den 28 August 2019 bei der Federatioun opgeholl. Et huet net laang gedauert bis déi éischt Spiller sech fonnt hunn, en Trainer sech der Erausfuerderung gestallt huet an e neie Grupp zesumme gestallt gouf.

Den 21 September 2019 war et schlussendlech esou wäit. Den Handball Bartreng spillt säin éischte Match an der Promotioun A géint den HB Museldall op der Musel. Trotz enger knapper Néierlag hunn mer gewisen dat mer en éierbaren Géigner sinn an dorop gouf opgebaut.

Kuerz drop hat de Veräin dann och säin éischten Heemmatch. Den 29 September 2019 hunn mer zu Leideleng an der Hall Sportif géint den Espérance Rëmeleng virun ronn honnert Zuschauer gespillt.
Zanterdeem sinn mer an der Promotioun A vertrueden an schaffen eis weiderhin erop.

Déi nächst Ziler wären et dann och eng Jugend opzebauen.