Vum 11. Januar bis den 13. Januar 2019 ginn am Gymnase vun der Coque Matcher vun der 1ter Qualifikatiounsphase fir Europameeschterschaft 2022 a Ungarn an der Slowakei gespillt.

Fir gutt op des Campagne virbereet ze ginn hunn eis Rout Léiwen hiren 1 Preparatiouns Match mat 32:25 géint USA gewonnen. Béid Natioune spillen haut den Owend zu Beetebuerg nach eng kéier géint eneen.

Just de Gewënner vun dësem 1ten Qualifikatiouns Turnéier schafft et an eng 2t Ronn. D’Lëtzebuerger Nationalekipp gelt awer als Favorit an dëser Campagne.