An der Saison 20/21 spille statt 8 also elo 10 Veräiner an der AXA-League. Dëst huet den 2. Referendum vun de Veräiner e Freiden (24.02.2020) erginn. 9 Veräiner ware fir 10 Ekippen, 6 fir 8 Ekippen.  An engem éischte Referendum war et eng Patt-Situatioun bei dëser Fro ginn. De Standard an och Miersch wäerten d‘AXA-League also nächste Saison komplettéieren.

Wat dat elo fir Promotioun A bedeit, steet Stand elo (24.04.2020) nach net fest. Mir sinn opalefall gespaant wéi d‘Federatioun de Spillmodus elo adaptéiert. Ganz egal wéi de Modus dono awer sollt ausgesinn, d‘Zil vum HBB bleift Qualifikatioun fir de Playoff. 

Bis dohi gelt et: stay home a bleift gesond!