Lescht Woch ware mir bei eisem Sponsor Kohll Leuck zu Besuch fir iwwert
eis Partnerschaft ze schwätzen. Bei engem Pättche Wäin hunn mir iwwert den
Handball an de Wäibau philosophéiert. Eis vertrauensvoll
Zesummenaarbecht gouf dann och nach verlängert. Mir freeën eis dass
och déi nächste Saison Kohll Leuck op eisem Trikot ze gesi wäert sinn.
Mir soen dem Luc an dem Claude elo schonns villmools Merci fir hier
Ënnerstëtzung!