No intensivem schaffe si mir frou iech matzedeelen, dass sech eise gréisste Problem, eng passend Hal fir Saison 19/20 ze fannen, geléist huet. Mir wäerten an der Sportshal zu Leideleng trainéieren, wéi och eis Matcher kennen ausdroen. Weiderfeierend wäerte mir och am Lycée Josy Barthel Mamer kennen een Training ofhalen.

 

D‘Sich no passende Spiller fir Senior A Ekipp ass nach am Gaang. An dësem Pilier si mir awer an deene leschten Deeg e gutt Stéck viru komm. Läscht Gespréicher a Verhandlunge stinn awer nach aus. Méi Detailer wéi eng Spiller nächst Joer fir den Handball Bartreng oplafe wäerten, kommen an de Summer Méint no.

 

Elo waarde mir gespaant op de FLH Kongress, den 29. Juni 2019.

 

An Tëschenzäit kanns du awer schonns deng Memberskaart fir d’Saison 19/20 wéi och däi passende Fanartikel an eisem Online Shop kafen.

 

Äre Comité