Jugend

Handball Bartreng – Jugendaarbecht

Ganz egal ob scho éischt Handball Erfarunge gemaach goufen oder net, jonk oder manner jonk, aktiv oder méi passiivt Kand (Jugendlechen) – eis ass et wichteg dass Interessi um Handball Sport gewise gëtt an ee gëaren Deel vum Handball Bartreng wëll ginn.

Nieft dem Sportlechen Aspekt leit et eis och um Hëarz dass sech SpillerInnen nieft dem Spillfeld entwéckelen. Hei wëlle mir de Fokus op Kreativitéit, Zesummenhalt, Respekt a Fairness leen.

Fir dass en Kanner (Jugendlechen) nieft dem sozialen Aspekter awer och um Spillfeld hir bescht kënne ginn, hunn mir eis natierlech och fir de renge Sport Zieler gesat, déi mir wëlle Versiche mat eise Responsabel am Zesummenhang mat de SpillerInnen ze realiséieren.

Spaass

E gewëssene sportlechen Éiergäiz muss do sinn, a ass Viraussetzung fir um sportlechen Terrain Erfolleg ze hunn. An awer dierf een de Spaass net vergiessen, souwuel um Training wéi och an de Matcher. Mir wëllen eis SpillerInnen fir de Sport begeeschteren, weisen dass Beweegung an de Spaass an enger Grupp eppes immens interessanten a Flottes ka sinn. Den Training sou gestalten, dass Übungen engem Spaass maachen, an net zu enger Laascht geet.

Teamgeescht

Een Team geet duerch gutt a manner gutt Zäiten, an dofir ass et wichteg zemools an deene méi schwéieren Zäiten ee gudden Teamgeescht ze hunn wou een seng Matspiller respektéiert an ënnerstëtzt. Fir an engem Veräin seng Zieler ze erreechen, solle souwuel Spiller wéi och Trainer, Responsabel a Benevollen zesummen halen an un engem Strang zéien. Eenzel Interesse stinn am Hannergrond. Gemeinschaft Zieler vum Club am Virdergrond.

Zesummenhalt

Ee weidere wichtege Punkt vum Handball Bartreng ass et nieft den SpillerInnen och d’Eltere mat an Veräin’s Aarbecht ze integréieren. Sief dat während den Matcher Buvette ze schmäissen oder Kanner mat op Matcher ze begleede bzw. de Bou während den Matcher ze maachen. Et ginn immens vill verschidden Aufgaben déi e Comité net eleng ka bewältegen. Dofir géinge mir eis freeën, d’Ënnerstëtzung vu motivéierten Elteren ze kréien, déi aktiv wëllen un der Entwécklung vum Club an hire Kanner deelhuelen.

Ausser Sportlech Aktivitéiten

Fir den Zesummenhalt an den Teamgeescht am Veräin tëschent de verschiddenen Acteuren ze stäerken, bidde mir nieft de sportlechen Eventer och aner Aktivitéiten un. Sieft dat een Ausfluch an ee Fräizäitpark oder en Iessen an engem Restaurant.

Éiergäiz

Souwuel SpillerInnnen, wéi och TrainerInnen, Benevollen a Comité Membere ginn zu jidfer Zäitpunkt hiert bescht a versichen sou den Handball Bartreng no fir ze bréngen.

This website uses cookies and asks your personal data to enhance your browsing experience.