Hären

Hären

Den Handball Bartreng ass am August 2018 gegrënnt ginn a soumadder si mer dem Ziel, ab der Saison 2019/2020 um Championnat deelzehuelen, e grousse Schratt méi no komm. Wann s du e Spiller bass an hues Loscht eis bei dësem Ziel ze ënnerstëtzen da kontaktéier eis op Facebook oder maach eis eng Email op info@hbbartreng.lu a mir ginn dir weider Informatioune wei wäit mer si mat der Realiséierung vun der Equipe.

Alternativ kanns du och direkt op folgend Säit goen an deng Donnéen androen: Spiller beim Handball Bartreng

Grondprinzipie vum Handball Bartreng sinn:

Spaass

E gewëssene sportlechen Éiergäiz muss do sinn, a ass Viraussetzung fir um sportlechen Terrain Erfolleg ze hunn. An awer dierf een de Spaass net vergiessen, souwuel um Training wéi och an de Matcher. Mir wëllen eis SpillerInnen fir de Sport begeeschteren, weisen dass Beweegung an de Spaass an enger Grupp eppes immens interessanten a Flottes ka sinn. Den Training sou gestalten, dass Übungen engem Spaass maachen, an net zu enger Laascht geet.

Teamgeescht

Een Team geet duerch gutt a manner gutt Zäiten, an dofir ass et wichteg zemools an deene méi schwéieren Zäiten ee gudden Teamgeescht ze hunn wou een seng Matspiller respektéiert an ënnerstëtzt. Fir an engem Veräin seng Zieler ze erreechen, solle souwuel Spiller wéi och Trainer, Responsabel a Benevollen zesummen halen an un engem Strang zéien. Eenzel Interesse stinn am Hannergrond. Gemeinschaft Zieler vum Club am Virdergrond.

Ausser Sportlech Aktivitéiten

Fir den Zesummenhalt an den Teamgeescht am Veräin tëschent de verschiddenen Acteuren ze stäerken, bidde mir nieft de sportlechen Eventer och aner Aktivitéiten un. Sieft dat een Ausfluch an ee Fräizäitpark oder en Iessen an engem Restaurant.

Éiergäiz

Souwuel SpillerInnnen, wéi och TrainerInnen, Benevollen a Comité Membere ginn zu jidfer Zäitpunkt hiert bescht a versichen sou den Handball Bartreng no fir ze bréngen.

This website uses cookies and asks your personal data to enhance your browsing experience.