Ekippen

De Comité vum Handball Bartreng huet sech zum Zil gesat ab der Saison 2019/2020 um Championnat deelzehuelen. Dëst mat enger Dammen a Hären Ekipp. Trainingsufank soll Stand elo Januar 2019 sinn.

Fir dass mir dëst Ziel areeche kennen, heescht et nieft der administrativer Aarbecht Spiller, Spillerinne souwéi Trainer a Trainerinnen ze sichen a fir eise Projet ze begeeschteren.

Solls du interesséiert sinn Deel vun engem neien, jonken a dynamesche Veräin ze ginn, géife mir eis freeë wann’s du dech elo schonns bei eis mells. Ganz egal op Mann oder Fra, jonk oder al, Erfarung am Handball oder net, mir schloen Dier sécher net zou a si fir jiddereen oppen deen Interessi un eisem Projet weist.

Des weidere wäerte mir awer och un d‘Jugend denken. Och hei hunn mir eis zum Zil gesat am Joer 2019 mat de Kanner zesummen ze schaffen. Ufänke wäerte mir ma deene ganz klengen, dem sougenannte Mini Handball. Hei geet et an éischter Linn de Kanner de Sport e bësse méi no ze bréngen a mat vill Spaass de Kanner ee Laachen an Gesiicht ze zauberen.

Kontaktéier eis a gëff Deel vun enge jonken a dynamesche Veräin!

Kontaktéiere kanns du eis einfach iwwer Facebok oder schreif dem Comité eng E-Mail op info@hbbartreng.lu. Mir notéieren deng Donnée, an kennen dech esou um lafenden halen iwwert déi nächst sportlech Schrëtter vum Handball Bartreng.

Wieder Informatiounen iwwert eis Hären a Dammen Ekippe souwéi iwwert de Mini Handball wäerten a Zukunft iwwert eis Homepage an och iwwer Facebook publizéiert ginn. An Tëschenzäit heescht et fir de eis weiderhin intensiv un eisem Projet ze schaffen

This website uses cookies and asks your personal data to enhance your browsing experience.